Gebuer: 17. Mäerz 1993

Uertschaft: Conter (Contern)

Ofschloss: Première Sectioun G

Studienfach: Geschicht

Fräizäit: Arbitrage Basket, Volleyball, Basket

Comité: Delegéierte fir d’Intercerclen

Salut, ech sinn de Sam, hunn 22 Joer a studéiere Geschicht zu Bonn.

Dëst ass mäin éischt Joer am Comité vun der Alesontia an ech si frou hinne kennen ze hëllefen, an ënner anerem flott Saachen ze organiséieren.

No der Uni hunn ech wëlles an den Enseignement ze goen.

An menger Fräizäit päifen ech, spille Volleyball a Basket.

Bei iergendwelleche Froen zum Beispill zum Geschichtsstudium kennt dir iech gär bei mir mellen. (: