WappenBonn

© Stadt Bonn

 

 

 

 

Wat huet Bonn ze bidden?

Och d’Bundesstaat Bonn selwer huet genuch ze bidden. Vun 1949 bis 1991 war Bonn d’Haaptstad vun Däitschland, bis 1999 war de Regierungssëtz vun der Bundesrepublik Däitschland zu Bonn. Haut sinn nach 6 Bundesministerien zu Bonn, de Rescht ass op Berlin geplënnert. Nieft dem zweete grousse politeschen Zentrum an Däitschland huet Bonn nach den Titel “die UN-Stadt am Rhein”. Ëmmerhin si fir 19 Organisatioune vun der UN Büroen zu Bonn. Dës sinn am “Langer Eugen”, dem alen Abgeordnetenhochhaus ënnerbruecht. Des Weideren ass Bonn den Haaptsëtz vun der Deutsche Telekom an der Deutsche Post.

Kulturell interessant ass, dass Bonn d’Gebuertsstad vum Ludwig van Beethoven ass.

Dann nach wichteg ze wëssen: Haribo kënnt vu Bonn! Den Numm vun der bekannter Séissegkeetemarke kënnt vu sengem Erfinder, dem Hans Riegel.

Soziaalt Liewen zu Bonn

D’Alesontia trefft sech regelméisseg an hirem Stammlokal zu Endenich, der Harmonie oder am Havanna am Staddeel Poppelsdorf. Hei gëtt et gudde Béier zu engem ganz verstännege Präis an och d’Iessen ass ganz lecker. Am Havanna gëtt et regelméisseg eng Coctail Happy-Hour déi et sech lount auszenotzen. Derniewent gi mir regelméisseg Basket-Matcher kucken oder treffen eis op Partye vu Fachschaften.

Mir fleegen ee gudde Kontakt mat de Cerclë vu Köln an Oochen, doduerch fënnt och ab und zu een Intercercle statt, op deem een sech mat de Kölner an Oochener Studente kann austauschen. Dëst sinn ëmmer immens flott Treffen. Traditionell gi mir och all Joer op d’Daf vun Oochen a Köln a feieren natierlech och eis eegen Daf. Den 11.11 si mir och um 11:11h zu Köln, wou mir eis gewéinlech dem LSC (Lëtzebuerger Studenteclub Cölln) an der AVL (Akademischer Verein d’Lëtzebuereger) uschléissen!

Nieft all den Aktivitéite vun der Alesontia ass et natierlech och net verbueden sech mat anere Kommolitonen oder Frënn ze treffen. Bonn bitt genuch Méiglechkeeten dozou. Et gëtt vill Caféen an Diskoen déi ënnert der Woch och ganz attraktiv Happy Hour Angeboter hunn… Mir wënschen Dir vill Spaass bei allem wat s de mëss! :)

Iessen zu Bonn

Zu Bonn kann ee generell zimlech präiswäert iessen. Natierlech ginn et awer och Ënnerscheeder tëschent deenen eenzelne Staddeeler, sou ass d’Nordstad méi bëlleg wéi den Zentrum.

Gutt Adresse sinn: Havanna, Ente, Pizzeria Tuscolo, Brauhaus Bönnsch, … , wann’s Du op der Sich no engem gudde Café bass, da kënne mir dir folgend Empfehlunge maachen: Spleen, James Joyce, Harmonie, Fiddlers, Musiktruhe , Quiet Man, ….

Natierlech gëtt et och e sëllechen Imbissbuden déi ganz attraktiv Präisser hunn, sou kritt een zum Beispill beim Agora Grill zu Endenich ee groussen Döner fir 3€, zu Poppelsdorf beim Botan Grill kascht en 50 Cents méi…

Feieren zu Bonn

Bonn gëtt vun den Eenheemeschen oft scherzhaft “Bundesstadt ohne nennenswertes Nachtleben” genannt. Dëst trëfft leider och gréisstendeels zou. Et ginn e puer Diskoen an deenen awer gewéinlech net déi gréisste Stëmmung opkënnt. Gutt feiere kann een op de Fachschafts Partyen déi d’ganzt Joer iwwer organiséiert ginn.

Wann een ee flotten Owend an enger Disko wëll verbréngen, lount et sech op Köln ze fueren. Mam Zuch ass een an ca. 30 Minutten do an et kascht duerch de Semesterticket näischt.