AlesontenzierkelWeen oder wat sinn mir?

 

Wat heescht eigentlech “Alesontia”?

Alesontia ass dat laténgescht Wuert fir Uelzecht. Wéi dir sécherlech wësst ass d’Uelzecht deen zweetlängste lëtzebuergesche Floss an huet duerch seng Präsenz an der Nationalhymne eng héich kulturell Bedeitung fir eist Land. Eis Virgänger an der Alesontia hunn sech dës kulturell Bedeitung zu Notze geholl an hunn hire Cercle no dësem spezielle Floss benannt.
Sécherlech kann een dës Entscheedung och interpretéieren, mir ginn Iech do awer kee Wee fir a loossen Iech de Raum fir allméiglech Gedanken.

Wat genau ass d’Alesontia?

D’Alesontia ass de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Bonn. Hie gouf 1932 vun enger handvoll Idealisten gegrënnt, déi der Meenung waren, dass et sech zesummen géing besser liewe loossen an, dass een bewaffnet mat engem Cercle méi respektéiert géing ginn.

All Lëtzebuerger deen hei zu Bonn studéiert ass häerzlech wëllkomm bei eis. Den Moment sinn schätzungsweis 60-70% vun de lëtzebuerger Studenten och Member bei der Alesontia.

Wat mécht d’Alesontia?

Mir, d’Membere vun der Alesontia, schwätzen iwwert alles wat eis esou afält. Wann mol Problemer am Studium sinn, hëllefe mir eis géigesäiteg weider a maachen och soss alles dofir, fir eis d’Liewen nieft dem deelweis ustrengende Studium ze verséissen. Sou treffe mir eis méi oder wéineger oft an engem Café oder ginn d’Bonner Basketsequipe op Matcher ënnerstëtzen. Am Summer gëtt natierlech och déi eng oder aner Kéier zesumme gegrillt.

Op den nationale Studentebaler si mir praktesch ëmmer präsent a mir versichen och all Joer op der Studentefoire ee Stand zesumme mat der Uni Bonn z’organiséieren.

Natierlech si mir och Member bei der ACEL, der lëtzebuergescher Studentevertriedung.
acel

Wien ënnerstëtzt d’Alesontia?

Op dëser Plaz wëlle mir eise Sponsoren, der Spuerkeess an der Bâloise, een häerzleche Merci fir hier Ënnerstëtzung  ausdrécken.

BCEE

Bâloise