Wat erhofft een sech aus dem Chimie-Studium?

Ob Fuerscher an der Pharmaindustrie oder de Materialwëssenschaften, ob Lycée Prof oder eng akademesch Carrière, d’Chimie bitt vill Méiglechkeeten an deenen ee spéiderhin eng Aarbecht fanne kann, fir wat’s Du dech interesséiers weess awer nëmmen du selwer. Während dem Studium kriss du Ablécker a vill Fachberäicher an et ass och zu kengem Zäitpunkt verbueden an aner Beräicher ran ze schnupperen. Sou mierkt een am Laf vu senger Ausbildung, wéieen Beruff ee spéiderhi wëll maachen.

Aarbechtslos kann een ausgebilte Chemiker bal net ginn. Et sinn (momentan jiddefalls) vill Platzen an der Fuerschung an am Enseignement fräi. Zousätzlech ginn immens vill Naturwëssenschaftler, also och Chemiker, an de Führungspositioune vu Banken agestallt. Naturwëssenschaftler ginn nämlech anescht un Problemer erun wéi Economen, an eis falen oft besser Léisungen zu komplexe Problemer an.

Waat gëtt verlaangt?

De Chimie-Studium ass ee vun den zäitintensiivste Studiegäng déi eng Uni sou ze bidden huet, dat ass zu Bonn net anescht! De Studium ass ee Vollzeitjob, an den duerchschnëttleche Student muss deelweis wäit méi ewéi 8 Stonnen den Dag schaffe fir et ze packen. Virun allem am 2. Semester gëtt d’Zäit extrem knapps. D’Uni versicht d’Zuel vun de Studenten ze kierzen an dofir hunn se sech genuch Drecksereien ausgeduecht. Sou lafen zwee Praktika gläichzäiteg, an iergendwéi soll een och nach seng Coursë widderhuelen, Aufgabe maachen, Protokoller schreiwen… No dësem Horror-Semester geet et dann awer bësse méi sozial weider.
Trotz all deem enorme Stress, ass et een immens flotten an interessante Studium.

Zumindest déi, déi eng 1ere C oder B gemaach hunn sinn immens gutt virbereet a sollten am Ufank keng gréisser Problemer kréien. Dat éischt Semester ass gréisstendeels Widderhuelung vun der Matière vun 3e, 2e an 1ere. Trotzdem sollt een net a falsch Euphorie geroden an sech op d’faul Haut leeën. Et gëtt genuch ze maachen, nozekucken an ze léieren. Den Niveau erschéngt an der éischter Woch nach spillschoulhaft, wat sech awer blëtzschnell ännert!!

Chimie op der Uni Bonn

D’Bonner Chimie ass an de weltwäite Rankings ëmmer ëm der Plaz 150 unzetreffen, wat beweist, dass d’Léier an och d’Fuerschung den internationale Standards entsprécht a mir villen aneren Unien e Schratt viraus sinn. Doriwwer eraus hunn Bonner Fuerscher schonn e sëlleche Präisser ewéi de Leibnitz-Preis gewonnen. Virun allem an der Physikalescher an an der Theoretescher Chimie ass Bonn fortschrëttlech.

Als Student mierkt ee vun all deem am Ufank leider net vill. Déi éischt Semestere vum Studium sinn, am Verglach mat aneren Universitéiten, relativ schlecht organiséiert. Virun allen déi éischt zwee Semestere sinn dofir do fir “d’Spreu vom Weitzen” ze trennen an d’Stresstoleranz vun den Auserwielten ze erhéijen. Réischt méi spéit am Studium dréit een dann och selwer eppes vum relativ gudde Ruff vun der Uni ewech. An der Bachelor- a Masteraarbecht kann een sech aus ville verschiddenen, interessanten an deelweis immens sënnvolle Fuerschungsberäicher eppes eraussichen.

Och bei der Promotioun huet een immens flott Méiglechkeeten!

Allgemeng Infoen

De Regeloofschloss ass den Dr. rer. nat, an dee sollt och den ungepeilten Ofschloss vun all Student sinn. Mat engem Bachelor huet ee praktesch näischt an der Täsch a kritt nëmme ganz schwiereg eng Aarbecht. De Master erlaabt et engem als Lycéeproff schaffen ze goen an an der Fuerschung ze hëllefen. Do kritt een da genau gesot wat een ze maachen huet. Oft ass dat leider nëmmen „d’Drecksaarbecht“. Mat engem Doktorat bass Du deen deen aktiv fuerscht, du kanns do ënnert Ëmstänn eegen Iddien ëmsetzen an hues Leit déi mat dir a fir dech schaffen. Wann et dech beispillsweis interesséiert een neit Verfahren ze fanne wéi ee Gummi kann hierstellen dee méi stabil ass, manner Kaméidi mécht a manner Sprit verbraucht, dobäi awer genee souvill Gripp behält, kanns du bei Pneuenhiersteller wéi der Goodyear nofroen op déi interesséiert wieren un där Fuerschung, wann jo, finanzéieren si dech eventuell. Als Géigeleeschtung erwaarden si da regelméisseg Ergebnisser. Du kanns also däin Dram verwierklechen! (Natierlech ass dat net ganz esou einfach wéi hei duergestallt, mee et weist de Prinzip awer relativ realitéitstrei, wann och staark vereinfacht) Du kanns awer och bei Fuerschungszentre wéi beispillsweis dem CRP Santé kucke wéi eng Platzen opstinn. Do kanns du dann eventuell als fest agestallte Fuerscher an engem Gebitt, wei beispillsweis der Immunologie, schaffen an de Biologen hëllefen.

Weider Infoe an nëtzlech Internetsäiten

Wann’s du dech fir Chimie interesséiers, dir awer nach e puer Froen oppe stinn, da schreif eis eng Mail. Ee vun eise Chemiker wärt sou séier ewéi méiglech Kontakt mat dir ophuelen, an dir bei denge Froen zur Säit stoen.

Bei spezifeschen “Uni-Froen” zum Chimie-Studium empfehle mir Kontakt mat dem Här Dr. Keßler, der Madame Schwegmann oder der Fachschaft opzehuelen. Si kënnen dir och bei konkrete Froe mat neisten Informatioune weiderhëllefen. Natierlech kanns du och een Dag op Bonn kommen a mat dëse Leit perséinlech schwätzen, si sinn immens sympathesch an ëmmer hëllefsbereet!

Dr. Ulrich Keßler:
Raum 3.032
Instifut für Anorganische Chemie
Gerhard-Domagk-Str. 1
53121 Bonn

Tel.: +49 (0)228 73-5334
E-Mail: referent-fgchemie@uni-bonn.de

Spriechzäiten:
Keng spezifesch Spriechzäiten. Beschtefalls am Viraus een Termin ausmaachen oder säi Gléck probéieren. Den Här Dr. Keßler ass oft a sengem Büro unzetreffen an d’Dir steet dee Moment och praktesch ëmmer op.

Ilna Schwegmann:
Raum 0.104
Instifut für Organische Chemie
Gerhard-Domagk-Str. 1
53121 Bonn

Tel.: +49 (0)228 73-5360
E-Mail: fachgruppe-chemie@uni-bonn.de

Spriechzäiten:
Méindes: 9.00-12.00 Auer
Dënschdes-Freides: 8.30-12.00 Auer

Fachschaft Chemie:
Raum 0.101
Instifut für Organische Chemie
Gerhard-Domagk-Str. 1
53121 Bonn

Tel.: +49 (0)228 73-2827
E-Mail: fachschaft-chemie@uni-bonn.de
Internet: http://www.fachschaft-chemie.uni-bonn.de

Spriechzäiten:
Méindes-Dënschdes: 13.00-14.00 Auer
Mëttwochs-Freides: 12.00-13.00 Auer
Vierliesungsfräi Zäit: Mëttwochs: 12.00-13.00 Auer

Hei nach e puer nëtzlech Internetsäiten:
http://www.chemie.uni-bonn.de
http://www.chemiestudent.de
http://www.chemgapedia.de

Fachliteratur

Allgemeine und Anorganische Chemie
Riedel, Janiak – Allgemeine und Anorganische Chemie (Walter de Gruyter Verlag)
Holleman-Wiberg – Lehrbuch der Anorgaischen Chemie (Walter de Gruyter Verlag)
Brown, LeMay, Bursten – Chemie Studieren kompakt (Pearson)
Organische Chemie
Vollhardt, Schore – Organische Chemie (Wiley-VCH Verlag)
Bruice – Organische Chemie Studieren kompakt (Pearson Verlag)
Physikalische Chemie
Atkins, Paula – Physikalische Chemie (Wiley-VCH Verlag)
Physik
Tipler, Mosca – Physik für Wissenschaftler und Ingenieure (Springer Spektrum Verlag)
Mathematik
Zachmann, Jüngel – Mathematik für Chemiker (Wiley-VCH Verlag)

Zousätzlech sinn d’Bicher aus der “… für Dummies”-Serie net schlecht fir d’Wëssen vun der Première ze widderhuelen an däitsch Begrëffer ze léieren, déi mir Lëtzebuerger nëmmen op franséisch kennen.

Hei sinn ze empfehlen:
Allgemeine Chemie
Moore – Chemie für Dummies (Wiley-VCH Verlag)
Anorganische Chemie
Böhme – Anorganische Chemie für Dummies (Wiley-VCH Verlag)
Organische Chemie
Winter – Organische Chemie I für Dummies (Wiley-VCH Verlag)
Moore, Langley – Organische Chemie II für Dummies (Wiley-VCH Verlag)
Physikalische Chemie
Heun – Physikalische Chemie für Dummies (Wiley-VCH Verlag)
Mathematik
Räsch – Mathematik für Naturwissenschaftler für Dummies (Wiley-VCH Verlag)

chemistry-is-like-cooking