Dateschutz

D’Bedreiwer vun dësen Internetsäiten huelen den Dateschutz vun dengen Donnéeën immens eescht. Mir behandelen Donnéeën, déi ee Persounebezuch opweise vertraulech an de gesetzlechen Dateschutzrichtlinne souwéi dëser Dateschutzerklärung entspriechend.

D’Benotzung vun eisen Internetsäiten ass an der Regel ouni Vermëttlung vu perséinlechen Donnéeë méiglech. Wann’s du op eise Säite perséinlech Donnéeë wéi däin Numm, deng Adresse oder deng E-Mail-Adress ugëss, ass dat op fräiwëlleger Basis. Dës Donnéeë ginn net ouni deng ausdrécklech Zoustëmmung un Drëtter weiderginn.

Mir weisen drop hin, dass d’Iwwerdroung vun Donnéeën um Internet (z.B. bei der Kommunikatioun iwwert E-Mail) Sécherheetslücken opweise kann. Ee perfekte Schutz vun den Donnéeë virun Zougrëffer duerch Drëtter kann also net garantéiert ginn.

Cookies

Modern Internetsäite benotze sougenannte Cookies fir d’Ugebued méi benotzerfrëndlech, effektiv a sécher ze gestalten. Cookies si kleng Textdateien, déi an dengem Browser gespäichert ginn, se enthale keng Viren a riichten och kee Schued op dengem Computer un.

Déi meescht Cookies, déi mir benotzen, si sougenannten “Seesion-Cookies”. Dës ginn automatesch geläscht, wann’s du däi Browser zou mëss. Aner Cookies bleiwen an dengem Browser gespäichert, bis dass du se manuell läschs.

Du kanns däi Browser sou astellen, dass hien dech iwwert d’Sëtze vu Cookies informéiert, sou kanns du kontrolléiere wéini eng Säit versicht ee Cookie an dengem Browser unzeleeën a kanns dëst erlaben oder verbidden. Et ass och méiglech (mee net ze recommandéieren) Cookies generell ze verbidden.

Server-Log-Files

De Provider vun dëse Säiten erhieft a späichert automatesch Informatiounen a sougenannte Server-Log Files, déi däi Browser automatesch iwwermëttelt. Dëst sinn:

  • Browsertyp a Browserversioun
  • Betribssystem
  • Referrer URL
  • Hostnumm vum Computer
  • Auerzäit vun der Serverufro

Dës Donnéeë kënnen net bestëmmte Persounen zougeuerdent ginn. Eng Zesummeféierung vun dësen Donnéeën an aneren Datequelle gëtt net virgeholl. Mir behalen eis awer vir, dës Donnéeën nodréiglech ze iwwerpréiwen, wann konkret Unhaltspunkten iwwert eng Benotzung vun eisen Internetsäiten, déi géint d’Gesetz verstéisst, virläit.

Kontaktformular

Wann’s du eis iwwert de Kontaktformular schreifs, ginn d’Donnéeën aus dem Formular zwecks der Beaarbechtung a weideren Noriichte vun dir zu dësem Thema gespäichert. Dës Donnéeë gi mir net ouni däin Averständnes weider.

Informatioun, Läschung, Späicherung

Du hues zu all Zäitpunkt d’Recht bei eis unzefroe wat fir eng perséinlech Donnéeë mir vun dir gespäichert hunn. Mir hunn dobäi d’Pflicht dir matzedeelen, wou mir un déi Donnéeë kommen a firwat mir se späicheren. Des Weideren hues du d’Recht drop, dës Donnéeë läschen ze loossen.

Wann’s du dës Informatiounen erhale wëlls, da kontaktéier eis iwwert d’Adresse, déi am Impressum uginn ass.

Dateschutzerklärung fir d’Benotzung vu Piwik

Mir wëllen de Site vun der Alesontia permanent verbesseren, dofir ass et wichteg, ze wësse wat eis User am meeschten interesséiert. Fir dësen Zweck benotze mir Piwik, dat ass ee Web-Analyse-Programm, deen unhand vu Cookies däi Surfverhaalen op eisen Internetsäiten analyséiert.

Well fir eis den Dateschutz extrem wichteg ass, hu mir eis géint d’Benotzung vum ëmstriddenen Analysetool Google Analytics entscheed, bei deem déi erhuewen Donnéeën op de Servere vu Google ausgewäert ginn an deemno weider geschéckt ginn. D’Benotzung vu Piwik leeft ausschliisslech lokal op eisen eegene Serveren of, mir schécken deemno keng Donnéeën un Drëtter weider. Wéi bei allen aneren Donnéeë gëllt natierlech och hei, dass mir se mat gréisster Suergfalt behandelen, sou kierze mir och d’IP-Adresse fir keen Zesummenhang tëschent dengen Donnéeën an dir als Persoun kënnen ze fannen.

Gëtt gelueden…