Ersti GuideOp wat muss du als Ersti oppassen, a wat solls du alles wëssen?

Mir als Alesontia wëllen dir däi Start an de Studium an domat an een neie Liewensofschnëtt erliichteren. Dofir hunn mir dës Säit ageriicht, op däers du nëtzlech Informatiounen zu der Uni, der Aschreiwung an der Wunnengssich fënns. Mir versichen dës Säit sou aktuell wéi méiglech ze halen, trotzdem sinn all d’Angabe just zu Informatiounszwecker. Wann ech gelift informéier dech och onbedéngt op den Internetsäite vun der Uni, fir op Nummer Sécher ze goen!

Wichteg Datumer:

Kuck onbedéngt op den Internetsäiten vun de Fachgruppen oder beim Studentensekretariat no den Fristen fir d’Aschreiwungen!!

D’Summersemester 2015 fänkt den 7. Abrëll un an hält den 17. Juli op. An deenen meeschten Studienfächer sinn d’Klausuren eréischt duerno also oppassen beim Buchen vun der Summervakanz oder der Päischtcroisière!

Gewéinlech hues Du den August an de September fräi, wat jee no Studierichtung och kann änneren.

D’Wantersemester 2015/16 wärt den 6. Oktober ufänken an den 6. Februar ophalen. Och hei sinn d’Klausuren an der Regel an de Semesterferien!

Op wat muss ech bei der Aschreiwung oppassen?

Den lëtzebuerger Schoulofschloss (Diplom vun enger 1e/13e) bescheinegt, dass Du genuch Däitsch kanns, du muss also net wéi aner Auslänner un der DSH-Prüfung deelhuelen fir dëst nozeweisen.

Fir d’Aschreiwungen ass et ganz wichteg den ORIGINAL Diplom derbäi ze hunn, ansonsten gëss de rëm heem geschéckt. Zousätzlech muss de deng Carte d’Identité derbäi hunn, an den ausgefëllten an ënnerschriwwenen Umeldeformulaire (bei net zoulassungsbeschränkten Fächer) respektiv däin Zulassungsbescheid (bei NC-Fächer). Du muss och beweisen, dass Du an Lëtzebuerg krankeverséchert bass. Géi dofir bei d’Gesondheetskeess (CNS) an looss dir een Certificat ausstellen, beschtefalls op däitsch. Dësen muss de bei der Aschreiwung bei der Techniker Krankenkasse (TK) virweisen, déi stellen dir dann een Ziedel aus, dass du „nicht versicherungspflichtig“ bass, mat dësem gees de dann an de Büro vun den Umeldungen.

D’TK huet een Büro an deem Gebai wou och d’Aschreiwungen sinn, du muss also net extra duerch Bonn rennen.

Wann ech gelift kuck och hei onbedéngt op den Internetsäiten vun der Uni no, mir garantéieren net, dass dës Angaben fir all Studienfach oder zu all Zäitpunkt gëllen. Et ass ëmmer méiglech, dass d’Uni eppes verännert!

Wéi héich sinn d’Semestergebühren?

D’Semestergebühre variéiere vu Semester zu Semester, generell pendelen se awer ëmmer em 255€, dës Sue ginn zum gréissten Deel (ca. 70%) benotzt fir den NRW-Fahrausweis ze bezuelen, deen all Student op sengem Studentenausweis drop huet. De Rescht geet un d’Studierendenwerk.

Wunnen zu Bonn

Lo kommen mer bei een Thema dat net vill guddes versprécht…
De Wunnraum zu Bonn ass immens knapp! Am bellechsten kënnt een garantéiert bei de Wunnengen vum Studentenwerk ewech, déi sinn doduerch awer och gnadenlos iwwerfëllt an et bleift engem oft näischt anescht wéi sech op der Waardelëscht androen ze loossen.

Derniewent gëtt et och nach puer privat Studentenwohnheimer déi méi deier sinn, dofir awer d’Chance een Zëmmer ze kréien méi grouss ass. Och déi privat Wunnengen (also net an engem Wohnheim fir Studenten) sinn seelen…

Eisen Tipp:

Bekëmmer dech sou fréi wéi méiglech mat der Wunnengssich an waard net bis op de leschten Stëppel! Bei immobilienscout.de oder studentenwohnungen.de kann een interessant Angeboter fannen. Pass awer virun allem bei immobilienscout.de immens gutt op Betrüger op! Soubal eng Email vum “Vermieter” der net gehéier erschéngt, sich weider!! (Klengen Tipp am Tipp: Google den Numm vum vermeintlechen Vermieter, wann et een Bedréier ass, ass d’Wahrscheinlechkeet grouss, dass de op Säiten wéi wohnungsbetrug.blogspot.de oder ähnlechen eppes dovun fënns.)

Setz dech no den Examen (Juni / Juli / August) an den Auto an fuer ab und zu op Bonn. Kuck an den Mensen an an den Uni-Gebaier ob’s du do eppes fënns. Och an den Bonner Zeitungen sinn Annoncen dran, dofir wier et eng gutt Iddi sech den „Generalanzeiger“ oder d’“Bonner Rundschau“ ze kafen. Denk dodrun, dass de Gros vun de Studenten am Internet no enger Wunneng sicht, also ass d’Chance an den Zeitungen eppes ze ergatteren méi grouss!

Hei nach puer Addressen:

Wéi kommen ech rëm zréck op Lëtzebuerg?

Am bëllegsten ass den Trajet vu Bonn op Lëtzebuerg, wann een sech zu puer arrangéiert an sech de Benzin deelt. Wann et ouni Auto soll op Lëtzebuerg goen, wier et gutt wann een dech zu Bitburg kéinten ofhuelen. Dann kanns du duerch däin NRW-Ticket (Studentenausweis) gratis bis op Gerolstein fueren. Vun do op Bitburg kascht den Trajet da 6,10€.

Wann s de mam Zuch wëlls op Lëtzebuerg fueren, muss de leider méi déif an d’Täsch gräifen. D’Präisser vun den Tickete variéieren an der Regel, mee du kanns mat zirka 20€ rechnen.

Uni-Sprooch

Du wäerts séier mierken, dass de op der Uni mat verschiddenen neien Ausdréck wäerts konfrontéiert ginn, déi’s de bis dohin nach net kannt hues. Fir dir och hei d’Liewe méi liicht ze maachen, hunn mir déi wichtegst zesummegedroen an eng Erklärung dozou uginn.

s.t. respektiv c.t.

Dës zwou Ofkierzunge ginn a Verbindung mat Auerzäite benotzt. Wann eng Veranstaltung um 14 Uhr c.t. soll ufänken, dann heescht dat, dass de Proff um 14:15 mat der Virliesung ufänkt. Wann se awer um 14 Uhr s.t. soll ufänken, da fänkt se pünktlech um 14:00 un.

c.t. steet fir de laténgeschen Ausdrock “cum tempore” wat souvill heescht wéi “mit Zeit”, s.t. steet fir “sine tempore” wat iwwersat “ohne Zeit” heescht.

Bei c.t. hues du also nach ë bësschen Zäit, bei s.t. net.

Kommilitone

Och dësen Ausdrock huet seng Hierkonft aus dem Laténgeschen. Do heescht “commilito” nämlech “Mitstreiter” oder “Kamerad”.

Ee Kommilitone ass deemno ee Studiekolleg. Den Ausdrock ass net, wéi vill Leit mengen, mat dem Fachgebitt oder mat dem Semester verbonnen, deemno ass all Student ee Kommilitone, net nëmmen déi, déi dat nämlecht studéiere wéi’s du, respektiv déi, déi am selwechte Semester si wéi’s du.

Vorlesung

De Begrëff vun der Virliesung kënnt nach aus dem Mëttelalter, wou et nach keng gedréckte Bicher goufen. Op den Universitéite gouf de Studenten an där Zäit also aus engem Buch (wat oft vum Proff selwer geschriwwe gouf) virgelies, soudass jiddereen sech konnt Notize maachen, an dann um Schluss eng eege Kopie vun deem Buch hat.

Hautdesdaags ass et kee Problem méi fir u gutt Fachbicher ze kommen, mat deenen ee super léiere kann, d’Virliesung hues sech doduerch (zumindest bei deene meeschte Proffen) och verännert. Et gëtt net méi virgelies mee éischter virgedroen. De Proff schwätzt also iwwert een Thema a schreift wichteg Saachen un d’Tafel oder awer hält ee richtege Cours, bei deem (wéi an der Schoul) alles op d’Tafel geschriwwe gëtt.

Natierlech ass sou eng Virliesung awer net wierklech mat der Schoul ze vergläichen. An dem Hörsaal, wou d’Virliesungen ofgehale ginn, sëtzen an der Regel all d’Studente vun dengem Semester. Dat si gewéinlech 100 bis 300 Leit, jee no Studiefach. De Proff beäntwert zwar Froen, mee et ass awer net wéi an der Schoul, wou een Discours tëschent Proff a Schüler stattfënnt. Dee wuel gréissten Ënnerscheed ass awer den Tempo vun enger Virliesung. An zwou Stonnen hëlt de Proff souvill Matière duerch wéi’s de an der Schoul während 2 Wochen duerchgeholl hues.

Seminar

Ee Seminar déngt der Verdéiwung vum Wëssen. Hei ginn d’Studenten a kleng Gruppe vun zirka 20 Leit ënnerdeelt, déi da vun engem Seminarleiter – gewéinlech ee Student aus engem méi héige Semester oder ee promovéierte Fachwëssenschaftler – betreit ginn. Am Seminar gëtt méi interaktiv wéi an der Virliesung iwwert een Thema geschwat an sech ënnerteneen ausgetosch. Oft ginn och Übungen zesumme beaarbecht oder Virtreeg gehalen. Dëst géing dann ënnert dem Motto “Lernen durch Lehren” laafen.

Übung

Och d’Übungen déngen der Verdéiwung vum Wëssen a gi vu Studenten aus méi heige Semestere gehalen. Hei ginn d’Übungsblieder beschwat a geléist. Wann een dës virun der Übung gemaach huet (wat unzeroden ass!) kann een seng Léisungen iwwerpréiwen. Verschidde Proffe maachen och sougenannte Präsenzübunge während der Übung. Dëst sinn zousätzlech Übungen déi een dann an enger bestëmmter Zäit léise soll. Ënnert Ëmstänn (jee no Prüfungsuerdnung) ginn dës och bewärt a fléissen an d’Note mat an oder gehéieren zu der Viraussetzung, dass een duerf um Examen deelhuelen.

Modulhandbuch

De Studium ass a Moduler opgebaut, am Modulhandbuch kanns du kucken ëm wat et bei deene verschiddene, Moduler geet, wat fir eng Viraussetzungen ee muss erfëllen, wéi vill Leeschtungspunkten ee fir dee Modul kritt an nach vill méi.

Prüfungsordnung

An der Prüfungsordnung stinn d’Regelen dra wéi d’Prüfungen an dengem Studium ofgehale ginn. Et ka virkommen, dass an der Prüfungsordnung Regelen aus dem Modulhandbuch iwwerschriwwe sinn. An dësem Fall gëllt gewéinlech dat wat an der Prüfungsordnung steet, et ass awer ëmmer unzeroden sech mat dem Studiengangsmanager a Verbindung ze sëtzen! Ee Beispill heifir ass, dass am Modulhandbuch steet, dass fir de Modul XY keng Viraussetzunge mussen erfëllt sinn. An der Prüfungordnung steet als Viraussetzung awer ee gepacktent Modul AB.

Et ass dringend unzeroden sech d’Prüfungsordnung virun den Examen duerchzeliesen, dass ee Bescheed iwwert d’Regele weess!

Leistungspunkte / ECTS-Points

D’Leeschtungspunkte soen aus, wéi vill Aarbecht een duerchschnëttleche Student muss opwenden, fir ee Modul ze packen. Dës Unzuel u Punkte gi bei der Berechnung vun der Moyenne als Koeffiziente benotzt.

Fir ee Leeschtungpunkt muss een duerchschnëttlech 30 Stonne schaffen. Wann’s du also ee Modul vun 10 Leeschtungspunkten am Semester hues, da muss du zirka 300 Stonne schaffe fir dee Modul ze packen. D’Moduler si gewéinlech sou opgedeelt, dass ee pro Semester 30 Leeschtungspunkter kritt. Um Enn vum Bachelor kënnt een sou op d’Zuel vun 180 Punken.

Punktesystem

Den däitschen, akademesche Punktesystem geet vun 1,0 bis 5,0 woubäi 1,0 déi bescht a 5,0 déi schlechst Note ass. Gewéinlech kann ee bei Klausuren awer nëmme X,0, X,3 oder X,7 kréien, déi aner Dezimalzuele ginn net benotzt. 4,0 ass déi lescht Genügend, entsprécht also enger 30 am lëtzebuergesche System. Bei dëser Note, ginn et keng Kommastellen, alles wat ënnert der 4,0 ass, ass eng 5,0 an domadder eng Ongenügend.

Du kanns eise Punktëmrechner benotze fir deng Notë vum däitschen an de lëtzebuergeschen oder vum lëtzebuergeschen an den däitsche System ëmzerechnen.