D’Alesontia huet den 9. Juni zu der zweeter Editioun vun der Bonnympiade agelueden.

Bei dësem Intercercle geet et drëms, zesummen e sëlleche flott Spiller ze spillen an um Schluss vum Dag ee Gewënner ze ernennen. D’Wierder huet, wéi och d’lescht Joer, gutt matgespillt a sou konnte mir ee flotten Dag mat Studenten aus 3 Cerclë (LSK / AVL / Alesontia) verbréngen. Wéi dat sech gehéiert, hu mir den Dag mat engem Besuch an der Disko ofgeschloss.
Mir ware begeeschtert iwwert déi vill Studenten aus anere Stied, déi de Wee op Bonn fonnt hunn, an dësen Dag zu deem gemaach hu wat e war. Villmools Merci dofir! Mir hoffen iech all d’nächst Joer nees op der Bonnympiade erëm ze gesinn.