D’Alesontia huet sech immens gefreet, dëst Joer 17 Schüler vu verschiddene Klassen zu Bonn empfaangen ze hunn. Si kruten d’Stad a verschidden Unis-Gebaier gewisen a konnte de Membere vun der Alesontia Froen zum Studium an dem studentesche Liewe stellen. Den Dag hu mir mat engem Patt am Brauhaus ofgeschloss.

Mir soen all de Schüler, awer och eise Memberen, déi sech trotz Semesterferien Zäit geholl hunn, een grousse Merci an hoffen dat eent oder anert Gesiicht am neie Joer offiziell als Member vun der Alesontia kënnen opzehuelen.