Och dëst Joer ware Bonner Studenten um ACEL Studentebal vertrueden. Zesumme mat den Heidelberger Studenten hunn mir eng gutt Teamarbescht geleescht a mir hoffen, dass dat déi nächst Joeren sou weider geet. E grousse Merci un Heidelberger Studenten an un eis Bonner Studenten déi gehollef hunn. Mir hoffen nach vill motivéiert Leit ze fannen, déi déi nächst Joeren um Studentebal Deel huelen.