Och dëst Joer hat d`Alesontia op der Studentefoire en Stand an huet domadder d´Universitéit Bonn an de Cercle vertrueden. Niewent Informatiounen iwwert d’Studienangebot, sinn och e sëlleche Froen iwwert d’Studenteliewen zu Bonn beäntwert ginn. Mir hoffen d’nächst Joer nees vill interesséiert Schüler a Studente begréissen ze kënnen.