Wat ass Geographie?

1175614_35461031Geographie kënnt vum griichesche Wuert “Geos” (d’Äerd) an “Graphein” (Beschreiwung) a bezeechent domatt also d’Beschreiwe vun der Äerd. Am Groussen a Ganze bréngt dat do et och direkt ob de Punkt, d’Geographe befaassen sech mat de Prozesser déi ob eiser Äerd oflafen. Déi Prozesser kënne souwuel vun Natur aus bestoen (Interessensgebitt vun der Physescher Geographie) oder awer Mënschengemaach sinn (Interessensgebitt vun der Humangeographie).

Ob alle Fall geet et an der Geographie em Mënsch-Ëmwelt-Bezéiungen, d.h. dass de Mënsch ëmmer am Kontext zu senger Ëmwelt an der hie lieft gekuckt an net einfach ausgeklammert gëtt. Aus dësem Gronn sinn d’Physesch Geographie an d’Humangeographie och net als zwou vunenee getrennte Wëssenschaften ze gesinn, well déi zwou Subdisziplinnen zesummen als eent Ganzt, d’Geographie, ausmaachen. Dofir hätt eng Subdisziplin aleng, ouni déi aner, am Sënn vun der Geographie och keng Berechtegung méi. Well de Mënsch och ëmmer als een Deel vun der Geographie ugesi gouf, huet dat der Geographie och ee philosopheschen Touch ginn; esou verwonnert et net dass vill historesch Geographen och Philosophen (a vice versa) waren (hei sief schonn nëmmen den Emanuel Kant genannt).

D’Geographie ass also vill méi wéi nëmme Stadt-Land-Fluss!

Et geet em: d’Natur, de Mënsch, d’Prozesser déi an eiser Ëmwelt oflafen, d’Zesummenhäng vun den eenzelne Prozesser, mee och alt philosophesch Gedankespillereien (zum Bsp. wann et ëm d’Wahrnehmung vum Raum geet), a villes méi.
Mee virun allem geet et ëm eis selwer, eist handelen an déi positiv wéi och negativ Konsequenzen déi sech dorausser ergi mat dem Versteesdemech vun der Ëmwelt an der mir selwer liewen.
Als Geograph kriss du domadder eng ganz aner Perspektiv ob däint eegent Ëmfeld, an och eent méi raimlecht Denken.

Geographiestudium ob der Universitéit zu Bonn

D’Geographescht Institut vun der Universitéit Bonn (Giub) deckt praktesch de komplette Spektrum vum Fach Geographie of, dat déi noutwendeg Breet vun dem fachiwwergräifende Studiegang garantéiert.
Am Allgemenge gëtt d’Geographie an zwou Subdisziplinnen ënnerdeelt:

D’Physesch Geographie an d’Humangeographie
Aus dësen zwou Sparte gi folgend wëssenschaftlech Beräicher am Institut ugebueden:

  • Klimatologie, Biogeographie an Landschaftsökologie (Physische Geographie)
  • Hydrologie an Wasserressourcenmanagement (Physische Geographie)
  • Geomorphologie (Physische Geographie)
  • Geographische Entwicklungsforschung (Humangeographie)
  • Stadt- und Regionalgeographie (Humangeographie)
  • Wirtschafts- und Sozialgeographie (Humangeographie)
  • Historische Geographie (Humangeographie)
  • Fernerkundung an GIS (Geographesch Informationssystemer) (Physische Geographie an Humangeographie)

An der Ausbildung bitt den Giub folgend Studiengänge un:

  • Bachelor of Sc. Geographie
  • Master of Sc. Geographie
  • Master of Sc. Geography of Environmental Risks and Human Security (mat UNU)
  • Master of Sc. Naturschutz an Landschaftsökologie
  • Weiterbildungsstudiengang Master Katastrophenvorsorge und -management a Kooperatioun mat dem Bundesamt für Bevölkerungsschutz und Katastrophenhilfe

Bei der Zouloossung zum Geographiestudium gëtt et souwuel vir de Bachelor, wéi och fir de Master een Numerus Clausus dee vu Joer zu Joer variéiert. Déi allgemeng Ausbildung vum Lycée geet awer duer. Ee groussen Interessi un Ëmwelt- a Soziokulturellen-Themen  ass erwënscht!

All wichteg an aktuell Informatiounen zu de jeeweilege Studiegäng (zum Bsp. Coursen) awer och Aschreiwungsfriste fir Virliesungen, Seminarer oder Prüfungen an aner wichteg Friste fënns du um Internetsite vum Institut ëmmer ënnert der Rubrik “Studium”.

Geographie: an wat dann?

De Studium an der Geographie ass breet gefächert, esou dass Geographen a ganz ënnerschiddleche Berufsfelder schaffe kënnen.
Hei gesäis du a wéi enge Beräicher déi meeschte Geographen täteg sinn. D’Resultater baséieren ob enger Ëmfro vu 410 beruffstätege Geographen aus dem Joer 2000 aus Däitschland.

Geo

Uklicken fir d’Bild a voller Gréisst ze gesinn.

Well d’Geographie esou breet gefächert ass, ass et wichteg, dass du dech am Laf vun dengem Studium ob eng bestëmmt Fachrichtung  spezialiséiers, oder dech ob e puer wéineg beschränks déi sech géigesäiteg logesch ergänzen. Esou kriss du däi ganz individuelle Profil a gëss méi attraktiv fir de potentiellen Aarbechtsmaart.

Fachschaft Geographie:

D’Fachschaft vun der Geographie ass an d’Liewe geruff gi fir sech fir d’Interesse vun de Geographiestudenten am Geographeschen Institut anzesetzen an déi och ze vertrieden. Dat ka besonnesch bei der Zouloossung vu Betreier fir deng Bachelor- oder Masteraarbecht wichteg sinn.
D’Fachschaft steet dir zu de jeeweilegen Ëffnungszäiten (Méindes bis Donneschdes 12:00-13:00) och bei Froen zu dem Studium gären zur Verfügung a betreit d’Erstsemester. Hei fënns du zum Deel nëtzlecht Léiermaterial (zum Bsp. Skripter), hues d’Méiglechkeet an al Klausuren eranzekucken a kriss lauter flott Spillereien ze kafen.
D’Uspriechpartner vu Geo2Gether (Betreiung vun auslännesche Studenten) stinn dir och am Fachschaftsraum zur Verfügung.
Doriwwer eraus organiséiert d’Fachschaft och all Semester d’Geoparty a mëscht ee Semesteranstich.

Firwat Geographie zu Bonn studéieren?

  1. Well de Giub eent vun de renoméierteste geographeschen Instituter a ganz Däitschland ass an och iwwert d’Grenzen eraus bei de Fachleit ee gudden Numm huet
  2. Well praktesch all Fachberäicher vun der Geographie ugebuede ginn an du dech an engem oder méi Beräicher spezialiséiere kanns
  3. Well am Haus selwer déi gréisste Bibliothéik fir geographesch Fachliteratur a ganz Däitschland ass
  4. Well d’Institut mat techneschem Material top ausgestatt ass
  5. Well hei schonn den Afred Philippson an de Carl Troll esou wéi och vill aner prominent Geographe geléiert hunn
  6. Well de Giub fuerschungsorientéiert ass an dech zäitgläich super ob den Aarbechtsmaart virbereed
  7. Well Bonn an d’Ëmgéigend vill geographesch Highlights bitt (souwuel physesch- wéi och humangeographesch)
  8. Well et eent vun de schéinsten Institutsgebaier ass

Gutt ze Wëssen:

  • Mëttwochsowes (gewéinlech 18:00) ginn et am Giub ëmmer Interessant Virträg/Referater mat enger uschléissender Diskussioun zu ganz ënnerschiddlechen Themen. Einfach mol bis laanscht kucke goen.
  • Um 1. Stack stinn dir am C-pool gratis Computere mat allen wichtege Programme fir Geographen zur Verfügung
  • Am ganze Gebai ass bis ob wéineg Ausnahme gratis WLAN
  • Am Keller fënns du eng gemittlech Cafete wous du Snacks, Softdrinks a Kaffi kriss
  • D’Geographescht Institut läit um Universitéits Campus BN-Poppelsdorf an ass gutt mat Bus (Linn 601, 602, 603 Arrêt Beringstraße), Vëlo oder Auto ze ereeschen.

Telefonsnummer an Adressen:

Geographisches Institut der Universität Bonn
Meckenheimer Allee 166
53115 Bonn
Tel.: +49 (0)228- 737290
Fax: +49 (0)228- 735393
Mail: geographie@uni-bonn.de
oder : support@geographie.uni-bonn.de

Postadresse

Geographisches Institut der Universität Bonn
Postfach 1147
53001 Bonn

Links:

Ob Facebook fënns du och nëtzlech Säiten, déi dech ëmmer um aktuellen Informationsstand halen: Fachschaft Geographie, Studiengangsmanagement Geographie, Erstsemester Geographie, etc.