Däitsch studéieren zu Bonn

Germanistik1Däitsch kann een zu Bonn a ganz verschiddene Formen a Variante studéieren; als Kernfach, als Begleitfach, op Lehramt, am 2-Fach-Bachelor. Folgend Studiegäng komme fir ee Bachelor a Fro:

  • BA Germanistik, vergleichende Literatur- und Kulturwissenschaft
  • Germanistik (2-Fach-BA)
  • Komparatistik (2-Fach-BA)
  • Deutsch auf Lehramt (GymGe)
  • Deutsch-Französische Studien
  • Deutsch-Italienische Studien
  • Deutsch als Zweit- und Fremdsprache (Begleitfach)

Links zu de Studiegäng:

„Deutsch auf Lehramt“ ass fir ee Lëtzebuerger amfong irrelevant, och fir Studenten déi spéider wëllen Lycée Proff ginn! Lëtzebuerg an Däitschland sinn a punkto Léierpersonalausbildung nämlech grondverschidden:

An Däitschland studéiert ee „auf Lehramt“ an zwar net just ee Fach, mee direkt zwee. Niewen dësen zwee Fächer beleet ee ganz vill Pädagogik-Coursen. Beim Lëtzebuerger muss awer dat Fach, dat ee spéider als Proff well halen, mindestens 50% (besser ass natierlech méi) vum Studium ausmaachen. An engem Bachelor wiere dat also 90 ECTS, oder och LP genannt. (Dono muss natierlech nach ee Master gemaach ginn). Am beschte virbereet an der Matière ass een also wann een de „BA Germanistik, vergleichende Literatur- und Kulturwissenschaft“ wielt. Do beleet een nämlech mindestens 120 ECTS germanistesch Fächer. Dozou wielt een sech dann nach ee Begeitfach (Vun Sproochen, iwwer Psycho bis zu Konschtgeschicht sinn do all Variante méiglech). Déi aner ongezielte Studiegäng hunn just maximal 90 ECTS germanistesch Fächer, wann iwwerhaapt.

Och fir Kulturmanagement, Verlagsaarbescht oder PR-Aarbescht kann de „BA Germanistik, vergleichende Literatur- und Kulturwissenschaft“ déi richteg Wahl sinn, wann een net direkt well Medien- oder Kulturwëssenschafte studéieren. An dësem Studiegang huet een nämlech ee gudden Abléck an di verschiddenste Sparten déi mat der däitscher Sproch, mat der däitscher Literatur, awer o mat Medien a Kultur ze dinn hunn. Am Kader vum Praxismodul kann een hei a Beruffer wéi Lektor, Autor, Iwwersetzer, PR-Ugestallten, Journalist asw. ranschnupperen! Ee Master an engem méi spezifesche Fach (Kulturwissenschaft/Medienmanagement/Journalismus asw.) ass awer emfeelenswäert.

Wann ee spéider awer léiwer well an d’ Richtung „Iwwersetzen/Dolmetschen“ goen, wiere Studigäng wéi „Deutsch-Französische“ oder „Deutsch-Italienische Studien“ perfekt. Des Studiegäng bidden ausserdeem exzellent Erasmus- an Austauschprogrammer un, z.B mat der Sorbonne zu Paräis oder och mat Florenz!

BA Germanistik, vergleichende Literatur- und Kulturwissenschaft:

Wat erwaarden ech mir?

Leit déi sech denken, dass et elo weider geet wéi am Lycée, leie falsch. An dësem Studium muss een net just Goethe oder Fontane liesen an da flott Essais oder Interpretatioune schreiwen! Zum Germanistikstudium gehéiert nämlech vill méi. Literaturwëssenschaft ass just ee Brochdeel vum Studium, nieft flotte Bicher muss een also och Sproochwëssenschaft (Linguistik), Mittelalterkunde (Mediävistik) a Komparatistik (vergläichend Literaturwëssenschaft) beleeën. Ausserdeem huet een an dësem Studiegang d’Méiglechkeet a Richtung Skandinavistik ze goen an eng skandinavesch Sprooch ze léieren (wat fir zukünfteg Däitschproffen awer éier wéineger a Fro kennt)

Wéi ass de Studium opgebaut?

Germanistik

Uklicken fir d’Bild a voller Gréisst ze gesinn.

Minor = dat gewielte Begleitfach (36 LP)! Géigesätzlech zu hirer Empfehlung mam Begleitfach réischt am 3.Semester unzefänken, géif ech ganz kloer schonn am 1. Oder 2. ufänken, soss huet een dat éischt Joer just 48 LP (ECTS) erschafft… wat zimlech wéineg ass. Och a punkto Aarbechtspensum ass dat guer kee Problem méi wéi déi 48 LP ze maachen.

Basismoduler = 4 vun deene 7 méigleche sinn ze wielen. Als angehenden Däitschproff soll een hei op alle Fall B1-B4 maachen! All Basismodul besteet aus 1 Virliesung an 2 Seminaire. Néirens ass méi Anwesenheitspflicht. Et ass awer definitiv ze recommandéieren onbedéngt regelméisseg an d’Coursen ze goen, well vill Proffe keng Skripter oder Dokumenter online setzen. D’Basismoduler gi mat enger Klausur ofgeschloss, déi iwwer d’Virliesung & déi 2 Seminarer geet. Pro bestane Klausur ginn et 12 LP.

PROFILWAHL: No dem 2.Semester muss een ee  „Profil“ wielen. Och hei ass fir déi, déi gäre Proff ginn, de „Germanistik Profil“ am virdeelhaftesten. Et kann een awer och „Skandinavistik“ oder „Komparatistik“ wielen.  Je no Profil-Wahl gëtt de weidere Studienopbau beaflosst. Fir de Germanistik Profil ze maachen, ass z.B den Ofschloss vun de Basismoduler 1-4 Pflicht asw.

Hei genau Infoen zu den eenzelne Profilwahlen:

Vertiefungsmoduler = erlaben ee méi déiwen an spezifeschen Abléck an déi eenzel Sparte vun der Germanistik.  Je no Profilwahl muss ee bestëmmte Moduler wielen. Am ganze sinn der 5 Stéck à 12 LP ze maachen. Och hei besteet ee Modul aus 1 Virliesung an 2 Seminaire, just et gëtt kéng Klausur, mee eng Hausaarbecht geschriwwen. Des ass just an engem vun den 3 Coursë vum Modul ze schreiwen. Et wier emfeelenswäert virun der éischter Hausaarbecht ee Kurs iwwer wissenschaftliches Arbeiten oder iwwer d’Ufärdegung vun Hausaarbechten ze besichen (am beschten am Optionalbereich) well Proffen immens pingelesch si wat den Opbau an d’Formalia vun den Hausaarbechte betrëfft.

Duerchschnëttlech sollt een 3 Moduler pro Semester wielen, dat ass vum Arbeschtspensum hir machbar an et geréit een dono net an de Stress.

Wat kënnt op mech zou?

An der Literaturwëssenschaft ginn eenzel Epochen, epochal Themen oder eenzel Auteuren ausernee geholl an analyséiert. Beispiller dofir: „die Künstlerfigur in der Romantik“, „Das Problem der Zeit bei Schiller“, „Familien im Drama“. Hei ass nach Eegeninitiativ gefrot, et soll een sech mat abréngen, et muss ee Referater iwwer Bicher halen asw.

An der Linguistik gi sproochwëssenschaftlech Problemer diskutéiert. Am Basimodul gëtt do ee Schwéierpunkt op Grammatik an op d Entwécklung vun der däitscher Sprooch geluecht. Dat sinn also éischter Béchsfächer. Spéider an de Vertiefungsmoduler gi méi Komplex Themen ugeschwat wéi d’ Neurolinguistik, Fremdwortforschung, Konversationsanalyse, Morphologie, Semantik asw.

Mediävistik ass eppes fir Mëttelalterfans. Niewent interessanten Ablécker an déi deemoleg Kultur a muss een och Mëttelhéichdäitsch léieren, net just schreiwen a verstoen, mee och schwätzen. Ausserdeem gëtt d’Literatur aus där Zäit analyséiert.

Komparatistik beschäftegt sech nieft der däitscher och mat aneren nationale Literaturen. Et geet dorëms, di verschidde Literaturen aus eenzelen Epochen ze vergläichen. Z.B analyséiert een d’Gemeinsamkeeten oder d’Ënnerscheeder tëscht der Romantik an der däitscher, franséischer, spuenescher an englescher Literatur.

Am grousse Ganzen ass et ee flotten, ofwiesslungsräiche Studium, wou een nieft ville Romaner, och vill Léierbicher an den Hänn hält. Et muss een sech dohanner setzen a selwer schaffe well an dësem Studiegang kritt ee keng fäerdeg Skripter déi ee léiere muss. Dofir gesäit et ufanks net no därmoosse vill Aarbecht aus, wat sech dann awer ännert, wann ee mierkt dass ee selwer alles virbereeden an d’Coursen “nacharbeiten” muss.

Nieft den theoreteschen Einführungen an déi eenzel germanistesch Gebidder huet een duerch d’Praxilmodul och een immens flotten Abléck an déi spéider Aarbechtsméiglechkeeten, déi et nieft dem Proffeberuff gëtt.  Am Beräich Praxisbezug huet d’Bonner Germanistik am CHE-Ranking 2013 och ee vun den „Spitzenplätze“ beluecht:

Wichteg Kontakter:

All Studiegang huet och seng Fachschaft. Do sinn eeler Studenten dran, déi z.b Ersti-Veranstaltungen organiséiere a jonke Studente bei Froen a Problemer ëmmer ënnerstëtzen. Et muss een hinnen einfach eng Email oder eng FB-Noricht schécken, oder et geet ee bis an d’Fachschaft kucken.

- Den Internetsite vun der bonner Fachschaft des Studiengangs Germanistik, vergl. Literatur- und Kulturwissenschaften (Germanistik, Komparatistik, Skandinavistik):
http://fachschaft-gekovoska.tumblr.com

- D’Facebooksäit vun dem germanisteschen Institut vun der Uni Bonn. Hei fënnt een Naiegkeeten an opkommend Veranstaltunge wéi Theatervirstellungen, Poetry-Slams oder Liesungen:
https://www.facebook.com/Germanistik.Uni.Bonn?fref=ts

- Studiengangmanagerin vum BA Germanistik, vergl.Literatur- und Kulturwissenschaft steht och bei Froen a Problemer ze Verfügung. Einfach eng Email schreiwen, a scho gëtt engem weidergehollef.

Christine Lafos

Raum: 210, Am Hof 3-5 (Etscheidhof), Hauptgebäude

Tel.: + 49-228/73-60290

E-Mail: lafos@uni-bonn.de