PhysikAleedung

D’Physik (aus dem Laténgeschen “physica” Naturlehre) ass eng vun de grondleeënden  Wëssenschaften, déi eis hëllefen d’Phänomener aus der Natur ze beschreiwen an ze verstoen. Dëst Fach bitt awer net nëmmen E=mc2 oder dem Schrödinger seng Katz. Vill méi bestinn d’Zieler vun der Physik doranner ze verstoe wou eisen Ursprung leit (Big Bang) oder aus wat d’Matière an den Universum bestinn (Standardmodell, Donkel Matiere/Energie). Dëst wäerten natierlech net déi éischt Themaen am Studium sinn. Am Bachelor léiert de Student déi noutwendeg Grondlage fir een Iwwerbléck iwwert dat ganz Fach ze kréien a fir duerno wëssenschaftlech schaffen an denken ze kennen.

Physik2

Studium zu Bonn

Zu Bonn gi folgend Studiegäng an der Physik ugebueden:
– Bachelor of Science
– Master of Science an der Physik an Astrophysik
– Lehramt

De Lehramtsstudiegang ass fir lëtzebuergesch Studenten awer net interessant, well dësen Ofschloss bei eis net unerkannt gëtt. De Bachelorstudiegang ass an der Regel zouloosungsfräi. All Student, deen säi Bachelorofschloss zu Bonn gemaach huet, dierf och ee Master zu Bonn ufänken. Hei gëtt et keen N.C.

Bachelor

Den Bachelor-Studiegang baut op 3 verschiddenen Pilieren op: der Mathematik, der experimenteller an der theoretescher Physik.

D’Formuléieren an d’Opschreiwen vun physikaleschen Theorien wier ouni d’Mathematik net méiglech. Dofir ginn an 3 Virliesungen déi noutwenneg Kenntnisser vermëttelt. Den Inhalt vun dësen Virliesungen ass speziell fir d’Physiker zesummegeschnidden ginn an gëtt och vun engem Mathematiker gehalen. An enger véierter Virliesung geet et dann em numeresch Methoden (Computerphysik), also d’Simulatioun an d’Implementatioun vun Problemer an Differentialgläichungen mat Hëllef vun engem Computer. Dëst ass ëmmer dann noutwenneg wann déi analytesch Léisungen net méi duer ginn oder iwwerhaapt net existéieren.

Bei der experimenteller an der theoretescher Physik leit den Ënnerscheed net nëmmen an der Bezeechnung. Heibäi handelt et sech em zwou komplett verschidde Virgoensweise bei physikalesche Problemer.

Bei der experimenteller Physik ginn an 3 Virliesungen d’Grondlage vun der klassescher Physik geleiert: Mechanik (Bewegung vun de Kierper, Flëssegkeeten a Gaser), Elektromagnetismus (Ladung, elektresch Felder, Stroum, Spannung, EM-Wellen) an Optik (Strahlenoptik, Lënsen, Briechung a Reflexioun vum Liicht, Laser). An der véierter Virliesung fënnt dann den Iwwergang an déi modern Physik (alles ab 1900) statt. Hei gëtt dann och déi éischte Kéier d’Konzept vun der Quantemechanik agefouert. Zousätzlech fënnt och een Iwwergang an de mikroskopesche Beräich statt, well et em d’Beschreiwung vun Atomer a Moleküller geet. An der leschter a fënnefter Virliesung dréint sech dann alles em d’Erklärung an d’Entdeckung vun deene klengsten ons bekannten Deelecher an alles wat dat mat sech bruecht huet (Teilchenbeschleuniger, Standardmodell). An all dëse Virliesunge wäerten dann ëmmer fir d’éischt e puer Experimenter (wa méiglech) gewise gi fir dann duerno d’Beobachtungen ze beschreiwen an ze erklären. An de Praktikumsmoduler (insgesamt 6) ginn dann an enger Rei vu Versich (wou de Student selwer Hand uleet) verschidde Sujeten aus der Virliesung nach eng Kéier behandelt. Hei gi virun all Versuch déi noutwendeg Kenntnisser mëndlech opgefrot an de Student muss an engem Delai vun enger (oder zwou) Woch(-en) ee Protokoll ofginn.

An der theoretescher Physik ginn a 4 Virliesungen déi folgend Themae behandelt : Mechanik, Elektrodynamik, Quantemechanik a Statistesch Physik (Thermodynamesch Prozesser). D’Virgoensweis besteet hei doranner sech fir d’éischt theoretescher Konzepter ze iwwerleeën an des dann duerno mathematesch ze motivéieren an ze beweisen. Fir déi eng ass dëst den eenzeg richtege Wee Physik ze maachen, anerer behaapten an der Theoretescher Physik géifen d’Iwwerleeungen ze weit goen an déi wesentlech Erkenntnisser ausbleiwen. Egal wat fir eng Usicht de Student vertrëtt, muss hien sech spéitstens fir de Master entscheeden an säi Schwéierpunkt festleeën.

Am Wahlpflichtberäich dierf een sech an deenen éischten zwee Semester Virliesungen aus der Astronomie, Chimie, Informatik, Meteorologie, BWL, VWL oder der Philosophie eraussichen. Am fënneften a sechste Semester muss een dann an eng Virliesung aus dem Master-Programm goen. Dëst kann (muss awer net) bei der Auswiel vum Thema vun der Bachelor-Arabescht hëllefen.

Master

Soubal een de Bachelor ofgeschloss huet, kann (soll) een ee Master drunhänken. De Modulplang gesäit fir dass de Student all seng CP aus de Virliesungen am éischte Joer (éischt an zweet Semester) sammelt. Zwee Moduler mussen hei gemaach ginn, dat ass engersäits eng theoretesch Virliesung an der weiderféierender Quantemechanik an ee Praktikum. Fir de Rescht dierf de Student sech aus enger Lescht vu Virliesungen eng Rei eraussichen (multiple Kombinatiounë si méiglech, et muss just eng gewëss Unzuel un CP erreecht ginn), a kann säi Schwéierpunkt esou individuell setzen.

Am zweete Master Joer soll de Student dann an enger Aarbechtsgrupp um Thema vun der Master Aarbecht fuerschen a schaffen.

Wichteg Linker

Websäit vun der Physik/Astronomie:
https://www.physik-astro.uni-bonn.de

Fir een Iwwerbléck iwwert déi aktuell Fuerschung zu Bonn ze kréien, hei eng Oplëschtung vun all den Aarbechtsgruppen:
https://www.pi.uni-bonn.de/arbeitsgruppen