Uni Bonn

@ Uni Bonn

 

Fir wat d’Uni Bonn?

D’Rheinische Friedrich-Wilhelms-Universität Bonn gouf 1818 gegrënnt an no dem Kinnek Friedrich Wilhelm III benannt. Se zielt zu de groussen däitschen Universitéiten an ass och ënnert deenen eelsten an traditiounsräichsten vertrueden.

Am Wantersemester 2013/14 waren ca. 32.500 Studenten immatrikuléiert.

Ënnert de bekannteste Studente vun der Uni fannen sech Nimm wéi Karl Marx, Konrad Adenauer, Robert Schuman, Friedrich Nietzsche, Max Ernst, de Popst Benedikt XVI, Wolfgang Paul (Nobelpräis fir Physik 1989), Reinhard Selten (Nobelpräis fir Wirtschaftswëssenschaften 1994) an August Kékulé ërem. Och den Ex-Direktor vum Lycée Classique de Diekirch, de Robert Bohnert, huet eng Zäit vu senge Studien hei zu Bonn verbruecht.

D’Universitéit huet 7 Fakultéiten am Angebot, dëst sinn:

Dës Fakultéite bidden eis Studenten zesummen 90 Voll-Studiengäng.

D’Uni Bonn fleegt gutt Verhältnisser mat 60 Partner Universitéiten op der ganzer Welt an ass doduerch eng interessant Uni wann ee wëlles huet een Auslandssemester ze maachen.

2015 huet d’Uni Bonn zesumme mat der Uni Lëtzebuerg ee Kooperatiounsvertrag ënnerschriwwen. Vun der Bonner Säit gëtt d’Zesummenaarbecht vun den Instituter Philosophie, Germanistik, Vergleichende Literatur- und Kunstwissenschaften an der Abteilung für Alte Geschichte gedroen, op lëtzebuergescher Säit ass et d’Fakultéit FLSHASE, déi sech mat der Sproochwëssenschaft, der Literatur, der Geeschteswessensachft an der Konscht beschäftegt.
Am Kader vun dëser Kooperatioun, soll den Austausch vu Wëssenschaftler an Doktoranden am Beräich vum europäeschen ERASMUS-Programm um Niveau vu Bachelor a Master souwéi d’Zesummenaarbecht an der Forschung verstäerkt ginn.

Ganz besonnesch wichteg sinn déi zwee Exzellenzcluster’en déi d’Uni Bonn an der Mathé an an der Immunologie huet. Dëst dierft fir déi Leit ënner iech, déi an dëse Gebidder wëlle schaffen, immens interessant sinn.

D’Friedrich Wilhelms Universitéit Bonn ass also eng ideal Uni déi a ville Fächer och an internationale Rankingen an den ieweschte Räng ze fannen ass. D’Universitéitsklinik spillt an der Liga vun de weltbeschten an ass domat immens interessant fir Medezinsstudenten!