Kuck dir hei eis Semester-Events un!
Vergaangen Events

NRW-Picknick
19. Mee 2026
Des Joer hate mir schon dei 3. Editioun vun eisem NRW-Picknick. Op dësem Event invitéiere mir eis NRW-Noperen an och eis Kolleege vu Maastricht. Dann treffe mir eis mat Gedrénks beim Rhein wou gegrillt gëtt a BeerPong a Flunkball gespillt gëtt.


Intercercle
1.-3. Mee 2026
Eisen traditionellen Intercercle huet des Joer fir d'läscht um fräien-Entrée Festival Rhein in Flammen stattfonnt.
Fir t'éischt hu mir Freides eisen Owend an eisem Stammcafé dem Spleen ausgeklongen.
Samsdes gouf dunn Mëttes gegrillt an Owes hu mir eis déi flott Freedefeier- an Drohnenshow ugekuckt.
Sonndes si mir erëm zeréck an eise Stammcafé a hu flott zesumme gebruncht.


Beerpong
27. Abrëll 2023
Di eischte Kéier hu mir eis am Spleen Rendez-Vous ginn fir Beerpong ze spillen.
E vollen Erfolg! 9 Teams si géinteneen ugetrueden an hunn hier Zielgenauegkeet enner Bewéis gestallt.
Gewonnen hunn zum Schluss de Louis an de Chris.


Conveniat
25.& 26. November 2022
Eisen 90. Gebuertsdaag hu mer natierlech net alleng geféiert.
Allerhand Ancienë hunn de Wee op Bon fonnt an hunn zesummen e flotten Weekend verbruet.
E grousse Merci un jidereen deen dobai war, mir fréen eis op di nächst 90 Joer


Intercercle
26.-27. Mee 2022
Op eisem Intercercle "Bonn in Flammen" hu mer trotz oofgesootenem Rhein in Flammen Festival gudd gefeiert.
Eng 40 Leit vun ronn 5 verschiddenen Cercelen hunn hiert Bäscht bei der Bonnympiad ginn, et gouff gudd gegrillt an den Owend ass an der beueler Rheinaue relax ausgeklongen.
Den nächsten Daag gouff et am Bönnsch och nach gudd z'Iessen an ze drénken


Phantasialand
Dies Academicus 18.5.2022
Den Dies Academicus ass all Semester en wichtegen Daag fir Kontakter ze knüpfen an sech weiterzebilden. Daat hu mear natierlech genotzt fir eisen Mo an eisen Nervensystem ze strapazéieren. Mear hunn eis op de Wee an daat just 30km entfernten Phantasialand gemeet an haaten bei bäschtem Wieder op den Achterbunnen allerhand Spass







