Studiheft
​
Du bass interesseiert un engem Studium zu Bonn? Dann lies der eist Studiheft duerch! Doranner hun mir e puer vun deenen wichtigsten Informatiounen résumeiert, dei een z.B. iwert d'Stad oder d'Uni wessen sollt.
Wei fannen ech eng Wunneng?
Dat ass sécher eng vun deenen meescht gestalten Froen. Mir hunn héi dei wichtegsten Tipps zesummengefasst, sou dass och du nach matzaiten eng Wunneng zum Semesterstart fannen kanns.
Guide Du Futur Diplômé
​
Du bass grad fäerdeg ginn mam Lycée, du hues eng Leier ofgeschloss oder kenns frësch vun der Uni? Dann ass de „Guide du Futur Diplômé“ vun der ACEL genau déi Hëllef déi s du brauchs!
Guide Du Futur Étudiant
​
D’Studentencercelen vun der ACEL informéieren dech iwwert ugebuede Fächer, Umellungsfristen, d’Adresse vun den Universitéiten, gutt Restauranten, Caféen a villes méi.
Bei weidere Froen fennt een fir all Stadt eng Kontaktadress dei wéiderhelleft.