top of page
Alesontia_Bierzirkel_edited.png
ACEL.png

Mir, d’Membere vun der Alesontia, schwätzen iwwert alles wat eis esou afält. Wann mol Problemer am Studium sinn, hëllefe mir eis géigesäiteg weider a maachen och soss alles dofir, fir eis d’Liewen nieft dem deelweis ustrengende Studium ze verséissen. Sou treffe mir eis réigelméisseg an eisem Stammcafé a schwätzen iwwert alles waat eis um Härz läit. Am Summer gëtt natierlech och déi eng oder aner Kéier zesumme gegrillt an eis schéin Staadt an regioun entdeckt.

Op Studenebaler, Intercercelen an der Studentefoire fennt een eis natierlech och. Do kann een net nemmen eis, mee och Bonn als attraktiv Studienplaz kennenléieren.

​

​

​

​

Natierlech si mir och Member bei der ACEL, der lëtzebuergescher Studentevertriedung. D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) vertrëtt haut iwwer 40 Studentencercelen, déi duerch ganz Europa an Nordamerika verdeelt sinn. Dëst mécht d’ACEL zum Representant vu méi wéi 10.000 Studenten an ass domadder de gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg. Méi Informatiounen dozou fannt der hei.

D'Alesontia ass een vun den eelsten lëtzbuerger Studentecercleë. Virun eiser Grënnung als L. St. V. Alesontia 1932, gouf et just den AVL vun Oochen an d'GDL vu Léiwen. Dës well 90-jähreg Geschicht gëtt eis eng besonneg Responsabilitéit géigeniwwer vun honnerten ehemolegen Memberen.

Aus eisem Veräin entstammen net nemmen zuelräich Geodeten, Agrarwëssenschaftler an Dokteren, mee och allerhand bekannten lëtzebuerger Perséinlechkeeten. Esou huet ënner aanerem den Henri Koch, ehemolegen Résistenzler, Enseignant, Lycées-Direkter an Politiker zu Bonn studéiert. 

Weider Informatiounen an Ablécker an eis Archiver fannt der op den Verlinkungen, dear kennt eis awer och gär kontaktéieren.

E groussen Merci un den Här Paul Derkum, deen des Dokumenter an Fotoen zesummegedroen huet.

bottom of page